Eise Programm

Dat si mir: D‘Jonk Piraten sinn déi onofhängeg Jugendorganisatioun vun der Piratepartei Lëtzebuerg. Mir si Jugendlecher a jonk Erwuessener bis zu engem Alter vun 27 Joer, déi sech politesch engagéieren, weiderbilden a weiderentwéckele wëllen.

Obwuel mer enk mat der Piratepartei zesummeschaffen, si mir thematesch net un dës gebonnen a vertrieden eis eege Standpunkten.

Stäerkung vun de Biergerrechter: D‘Jonk Piraten setzen sech dofir an, datt d‘Prinzipie vun de Mënscherechter geuecht ginn. Virun allem d‘Universalitéit läit eis um Häerzen: d‘Mënscherechter musse fir jiddwereen iwwerall gëllen. Et gëtt keen Ënnerscheed am Wäert vun engem Mënsch. Intoleranz an Diskriminéierung lehne mir dofir strikt of!

Bildung: den Zougang zu Wëssen a Kultur muss fräi a fir jiddwereen accessibel sinn. Bei der Vermëttlung vu Bildung dierf net just nëmmen op d‘Weidergab vu Wësse geuecht gi mee och d‘Erléiere vu Fähegkeeten. Iewescht Zil soll et sinn, datt Jonker zu opgekläerten, selwerbestëmmten a mëndege Mënschen erzu ginn.

Dateschutz:  Mir wëlle virun allem jonk Mënsche sensibiliséieren, fir mat hiren Donnéeë bewosst ëmzegoen, wann se dës z.b. a sozialen Netzwierker (Facebook, Twitter etc.) oder allgemeng am alldeegleche Gebrauch (Clientskaarten etc.) präis-
ginn. Haut späichert net nëmme d‘Privatwirtschaft eis Donnéeën, mee och de Staat. Net all Datenerhiewung huet seng Berechtegung a soll prinzipiell hannerfrot ginn, fir Date-
mëssbrauch ze verhënneren. De Mënsch ass méi Wäert ewéi seng Donnéeën, déng Privatsphär dierf net verdachtslos mëssuecht ginn!

Am Schnelliwwerbléck:
Dofir sti mir: 

+ fir fräi Bildung
+ fir d‘Förderung vu méi Mediekompetenz
+ fir méi Basisdemokratie
+ fir en transparente Staat am plaz vum gliesene Bierger
+ fir en zäitgeméisst Urheberrecht
+ fir Chancegläichheet a Gläichberechtegung

Mir si ë.a. géint:

– géint en zouhuelenden
Iwwerwaachungswahn
– géint staatlech Bevirmondung
– géint Mëssuechtung vun der
Verfaassung


Remarque: dat heiten ass just eng kleng Iwwersiicht iwwert eis Positiounen. E méi detailléierte Programm kënnt demnächst no.